MIR STELLEN EIS VIR


Ons Conseilleeën am Gemegerot : Cilly NUSZKOWSKI-HIRTT, Alain SCHEID an François WARNIER.

Mer schaffen enk mat onser Jugend, der CSJ zesummen.

All Awunner aus der Gemeng ass wëllkomm bei eis matzeschaffen.

Mir sin mat 3 Conseilleeën vertrueden a sin déi zweet stärkste Fraktioun am Gemengerot.

D’CSV an der Gemeng Mäertert – Waasserbëlleg zielt ronn 111 Memberen, dovunner sinn 61% Männer an 39% Fraen

  • De Comité

De Comité vun enger CSV Sektioun setzt sech aus mindestens dräi gewielte Memberen zesummen. Gemengeréit, Deputéiert a Minister aus enger Sektioun gehéieren dem Comité d’office un.

De Comité ass d’Exekutivorgan vun enger Sektioun a muss sech un Decisiounen vun der Generalversammlung halen.

De Comité wielt aus senger Mëtt e President, e Sekretär, e Caissier a bis zu zwee Vizepresidenten.

De Comité organiséiert a koordinéiert d’Aarbechten an d’Aktivitéiten vun der Sektioun. E representéiert d’CSV an der Gemeng an hält de Kontakt mam CSV-Bezierk a mam Generalsekretariat.

Am Ostenbezierk si vertrueden: Cilly Hirtt, Patrick Dosseray, Marthy Schmitz.

Am CSF Ostbezierk si vertrueden: Cilly Hirtt (Vizepresidentin), Marthy Schmitz.

Op dëse Säite wëlle mir Iech awer nët nëmmen iwwer dat informéieren, wat an der Sektioun geschitt, mee och an de verschidde Gremien vun der Partei, siew ët CSJ, CSF oder CSV. Doriwwer eraus, wëlle mir Iech natiirlech och um Laafenden haalen, wat bei iis an der Gemeen passéiert.

Awer och Aër Meenung ass wichteg! Dofir sinn mir op fir all Iddi, Ureegung oder Remarque vun Iech. Iwwer de Link “Aër Meenung zielt!” kënnt Dir iis matdeelen, wou de Schong dréckt.

De Comité vun der Sektioun Maërtert/Waasserbëlleg wënscht Iech vill Freed beim Surfen.