MIR STELLEN EIS VIR
Eis Leit an der Gemeng
Mat 3 vu 11 Conseilleeën sin mir an der Opposition am Gemengerot.
Wei mir schaffen
De Comité vun enger CSV Sektioun setzt sech aus mindestens dräi gewielte Memberen zesummen. Gemengeréit, Deputéiert a Minister aus enger Sektioun gehéieren dem Comité d’office un. Och jee zwee Vertrieder vun den Organisatiounen CSJ, CSF an Senioren.
De Comité ass d’Exekutivorgan vun enger Sektioun a muss sech un Decisiounen vun der Generalversammlung halen.
De Comité wielt aus senger Mëtt e President, e Sekretär, e Caissier a bis zu zwee Vizepresidenten.
De Comité organiséiert a koordinéiert d’Aarbechten an d’Aktivitéiten vun der Sektioun. E representéiert d’CSV an der Gemeng an hält de Kontakt mam CSV-Bezierk a mam Generalsekretariat.
D’CSV Mäertert-Wasserbëlleg ass am Bezierk Osten duerch de Patrick Dosseray als Präsident, de Sandra Klaty an dem Serge Urbing vertrueden.